23 Kilometer nordwestlech vun Athen, an enger Déift vu 15 Kilometer, war den Epizentrum vum Biewen, wat 5,1 Punkten op der Richterskala erreecht huet.

Duerch d'Biewen zu Athen an an der Géigend ronderëm ass déi gesamt Telekommunikatioun, souwuel Festnetz wéi och déi vum Handy, zesummegebrach. Deeler vun Athen sollen och kee Stroum gehat hunn.

Gréissere Schued ass net entstanen. Vun e puer méi eelere Gebaier ass duerch déi staark Vibratioune Botz vun de Mauere gefall. Zwou Persoune goufen dobäi liicht blesséiert- dorënner och eng Touristin.

Et gouf am Laf vum Freideg och eng Partie Nobiewen.

Wéinst der Beweegung vun den tektonesche Placken kënnt et an der Mëttelmierregioun ëmmer nees zu Äerdbiewen.