Déi iranesch Revolutiounsgarden haten e Freideg den Owend zwee Tanker am persesche Golf festgesat.

An der Strooss vun Hormus am persesche Golf koum et e Freideg den Owend zu weideren Tëschefäll. Déi iranesch Revolutiounsgarden haten den Tanker "Stena Impero", deen ënnert dem britesche Fändel fiert, festgesat, well hien déi international Virschrëften net agehalen hätt. Der iranescher Noriichtenagence IRNA no soll d'"Stena Impero" de Funk u Bord ausgeschalt a Warnungen ignoréiert hunn.

E Spriecher vum britesche Verdeedegungsministère hat e Freideg den Owend matgedeelt, datt een d'Situatioun géing préiwen. D'Schëff ass am Besëtz vun der schwedescher Firma "Stena Bulk". D'Entreprise hat de Virfall och bestätegt a matgedeelt, datt e puer kleng Booter an een Helikopter dem Schëff méi no komm wären, wéi et am internationale Gewässer war. D'Entreprise hat nom Virfall kee Kontakt mat der 23 Mann grousser Crew um Schëff.

D'US-Regierung hat nom Virfall mat der "Stena Impero" gemellt, datt nach ee weidert Schëff festgesat gi wär. Déi britesch Regierung hat am Laf vum Owend déi amerikanesch Informatioun bestätegt.

Kuerz no 23 Auer eiser Zäit hunn déi iranesch Revolutiounsgarden ee vun de Schëffer nees fräigelooss. Den 2. Tanker, deen ënnert briteschem Fändel fiert an dee vun den iraneschen Autoritéiten an der Strooss vun Hormus saiséiert gouf, géif de Moment an der iranescher Hafestad Bandar Abbas leien. Dat hunn déi Responsabel vum Hafen annoncéiert, an erkläert, den Tanker wier mat engem Fëscherboot kollidéiert, an hätt dowéinst den Hafen ugefuer.

Weider Detailer goufen et awer keng, den Iran huet just erkläert, datt en eng Enquête opgemaach hätt.

Vum schwedesche Proprietär vum Tanker huet et geheescht, datt d'Schëff am internationale Waasser vu klenge Booter an engem Helikopter attackéiert gi wier.

D'Regierung zu London warnt britesch Schëffer, d'Strooss vun Hormus z'evitéieren.

Zanter e puer Méint kënnt et ëmmer nees zu Virfäll an der Strooss vun Hormus. Nach e Freideg de Moien hat den US-President Donald Trump matgedeelt, datt d'Ekipp vun engem US-Marinnschëff eng iranesch Dron zerstéiert hätt.

Trotz den Tensiounen am persesche Golf verstäerkt d'US-Militär hir Präsenz an der Regioun mat 500 Zaldoten. E Schratt, deen zur zousätzlecher Ofschreckung dénge soll.