Mat enger vill ze héijer Geschwindegkeet war en Donneschdeg ee Mann op der B51 bei Dortmund laanscht een zivillen Auto vun der Police gefuer.

No enger Course-poursuite mat bis zu 190 km/h anstatt den erlaabten 80 km/h war et schonn en Donneschdeg der Police vun Dortmund gelongen, ee Chauffeur ze stoppen. Wéi d'Beamten den 30 Joer ale Mann nom Motiv fir déi héich Geschwindegkeet gefrot hunn, huet dëse geäntwert, datt hie misst séier weiderkommen.

Erschreckend beim Virfall war, datt um Récksëtz 5 Kanner op enkstem Raum souzen an der dräi vun hinnen net ugestréckt waren. D'Mamm vun de Kanner war d'Bäifuererin.

Den Automobilist muss mat enger Geldstrof vu 600 Euro rechnen an engem Fuerverbuet vun 3 Méint. Op hien och nach eng Strof, fir déi net ugestréckte Kanner kritt, steet nach net fest.