Mat enger ganzer Partie Evenementer gouf um Samschdeg an den USA un de 50. Joresdag vun der Moundlandung geduecht.

An den USA gouf also d'Moundlandung vu viru 50 Joer grouss gefeiert.

Zu Houston am Space Center gouf ee Countdown erofgezielt, esou wéi viru 50 Joer wéi de Neil Armstrong fir déi éischte Kéier e Fouss op de Mound gesat huet.

Op Cape Canaveral huet de Vizepresident Mike Pence iwwerdeems an enger Ried gemengt, datt d'Moundlandung, dat eenzegt Evenement am 20. Joerhonnert wier, dat eng Chance hätt och am 30. Joerhonnert erënnert ze ginn.

Zanter 1972 an dem Enn vum Apollo-Programm huet kee Mënsch méi ee Fouss op de Mount gesat. Dat soll sech dem amerikanesche President Donald Trump no awer änneren. Bis 2024 soll nees een Astronaut um Mound landen. Eppes wat vun Experte kritiséiert gëtt, déi dëst als Wonschdenken ofdinn. An der Nuecht huet de Mike Pence awer nach emol dës Ziler bekräftegt.

Schonn e Freideg huet den US-President Donald Trump déi zwee Apollo-11-Astronauten, déi nach liewen, de Michael Collins an de Buzz Aldrin am Wäissen Haus empfaangen.