Um Tomorrowland-Festival an der Belsch ass um Freideg den Owend ee Mann vu 27 Joer gestuerwen.

Et ass ganz wahrscheinlech, datt den Doud vun deem jonke Mann um Museksfestival Tomorrowland mam Konsum vun Drogen zesummenhänkt.

Dat deelt de Parquet vun Antwerpen e Sonndeg mat, nodeems éischt Resultater vun der Autopsie virleien.

Dem 27 Joer alen Inder war et e Freideg den Owend schlecht ginn, méi spéit am Owend ass hien dunn an der Universitéitsklinik zu Antwerpen gestuerwen.

De Parquet enquêtéiert wéinst Drogenhandel, deen zum Dout gefouert huet.

D'lescht Joer sinn um Festival zwou Fraen ëmkomm. Si haten eng Iwwerdosis Droge geholl.