Zu Bruchsal koum et e Samschdeg am fréien Nomëtteg zu engem Ongléck mat engem klenge Fliger.

Deemno wier e Fliger an d'Fassad vun engem Baumaart gerannt. Dat mellen d'"Badischen Neuesten Nachrichten", déi sech op Informatioune vun der Police beruffen.

Weider ginn 3 Doudeger gemellt, dës si bis elo awer nach net confirméiert.

Wéi et zum Accident komm ass, ass bis elo net gewosst.