Sollt de Boris Johnson Ufank der Woch de Poste vum Premier iwwerhuelen, da wëll de britesche Justizminister David Gauke d'Handduch geheien.

Dat sot de Politiker der "Sunday Times", well hien net mam Johnson senger Vue op de Brexit averstanen ass.

Een haarde Brexit, esou wéi den Johnson, dat virhätt, wier eng Humiliatioun fir d'Land, esou de Gauke.

E Méindeg entscheet sech, wien den neie Chef vun de Konservative gëtt, deen dann och de Poste vum Premierminister iwwerhëlt.

Do sti sech de Boris Johnson an den aktuellen Ausseminister Jeremy Hunt géintiwwer.