Déi däitsch Fluchgesellschaft wëll um Sonndeg awer nees normal fléien, British Airways huet all seng Flich 7 Deeg laang annuléiert.

Genee Hannergrënn si keng genannt ginn, allerdéngs huet et geheescht, datt ee reegelméisseg seng Fluchhäfe géif evaluéieren, an dofir zu dëser Decisioun komm wier.

Schonn zanter längerem warnen esouwuel den däitsche wéi och de briteschen Ausseministère virun engem méi héije Risiko vun terroristeschen Attacken.

Net dréngend noutwenneg Reesen zum Beispill op Scharm Al Sheik sollten net gemaach ginn. D'Auswärtige Amt huet dogéint seng Sécherheetshiweis fir Egypten aktuell net verschäerft, mä schwätzt vun engem méi héije Risiko landeswäit.