Ee Croisièresschëff huet um Samschdeg den Owend virun der griichescher Hallefinsel Peloponnes 111 Migranten aus dem Mëttelmier gerett.

D'Leit ware mat engem klenge Boot ënnerwee, dat a Séinout gerode war.

Si koume mat der Marella Discovery an den Hafe Kalamata.

Wouhier d'Flüchtlinge genee kommen, ass nach net gekläert. Ënnert hinne waren och 33 Mineuren.