Russesch Kampffliger hunn e Maart an der Héichbuerg vun de Rebelle bombardéiert.

Op d'mannst 19 Mënsche stierwe bei enger russescher Loftattack a Syrien. Viséiert war e Maart an enger Stad am Nordweste vum Land. Ënnert den Affer wieren och 16 Zivilisten, 45 Persoune goufe blesséiert.

Eréischt e Sonndeg sinn 18 Mënschen duerch esou e Bombardement gestuerwen. D'Regioun gëllt als Héichbuerg vun de Rebellen.