De grousse Bëschbrand op der spuenescher Vakanzeninsel Gran Canaria ass no Donnéeë vun de lokalen Autoritéiten ënner Kontroll.

Den Noutdéngscht vun de Kanareschen Inselen huet allerdéngs e Méindeg den Owend virdru gewarnt, dass d'Gefor nach net komplett eliminéiert wier. Wuel géifen et keng Flame méi ginn a keen Damp, mä an de Bëscher géif et plazeweis nach ëmmer glousen, wat duerch de Wand nees kéint zu engem gréissere Brand féieren.