Dausenden Demonstranten um Fluchhafen Hongkong. Alleguer d'Departe goufen dowéinst annuléiert.

Den internationale Fluchhafe vun Hong Kong ass ee vun deene gréisste vun der Welt, mat ronn 1.100 Flich op eng 200 Destinatioune pro Dag.

De Weekend iwwer hat schonn eng kleng Grupp vu Manifestanten um Fluchhafen demonstréiert. Nodeems d'Police op anere Plaze soll onnéideg brutal géint Manifestanten virgaange sinn, huet sech elo eng Protestaktioun mat méi wéi 5.000 Leit forméiert, fir um Fluchhafen ze demonstréieren.

D'Protester waren ausgeléist ginn, wéi en ëmstriddent Ausliwwerungsgesetz sollt agefouert ginn. Dës Protester hu sech duerno zu enger Beweegung géint de wuessenden Afloss vu Peking op Hong Kong a fir méi Demokratie entwéckelt.

Fligeren, déi schonn an der Loft si respektiv fir déi den Check-In schonn ofgeschloss ass, däerfen nach landen a starten.