Zwee Zaldote vun der kolumbianescher Loftwaff sinn e Sonndeg bei enger Fluchshow an der Stad Medellín ëm d'Liewe komm.

Am Kader vun hirem Duerffest hat d'Stad Medellín eng Fluchshow um Fluchhafen Olaya Herrera organiséiert. Béid Ënneroffizéier hate sech un engem kolumbianesche Fändel ugehal, dee mat engem Seel un engem Militärhelikopter ugestréckt war.

Op Videoopnamen huet ee gesinn, dass dat Seel op eemol gerass ass a béid Männer an d'Déift falen. De Fluchhafe gouf nom Ongléck gespaart.