Um Dënschdeg stëmmt de Senat iwwert een Datum of, fir de Mësstrauensvott géint de Premier Giuseppe Conte.

Dofir goufen d'Senateuren aus der Summervakanz zeréck op Roum convoquéiert. D'Fraktiounscheffe konnte sech nämlech e Méindeg net eestëmmeg op den 20. August eenegen.

D'Lega Nord vum Inneminister Matteo Salvini fuerdert, dass de Mësstrauensvotte géint de Conte an där Woch op d'Agenda gesat gëtt, fir dass d'Italiener sou séier wéi méiglech kéinte wiele goen, heescht et.