Nodeems zu Hongkong eng sëlleche Volle wéinst deene massive Protester hu musse gestrach ginn, ass de Fluchtrafic an tëscht nees ugelaf.

Dat hunn déi Responsabel vum Fluchhafen um Dënschdeg de Moie confirméiert. Allerdéngs ass nach net kloer, wéini de Fluchverkéier nees normal kann ofgewéckelt ginn.

Um Internetsite vum Fluchhafen steet, dass nach ëmmer eng ganz Partie Vollen annuléiert sinn.

Aus Roserei iwwert d'Policegewalt hat d'Protestbeweegung zu Hongkong gëscht de Fluchtrafic komplett brooch geluecht. Eng 5.000 Demonstranten haten de Fluchhafe belagert. D'Premierministesch Carrie Lam huet déi nei Protester op en neits ferm kritiséiert. Si huet vun enge sëllechen illegalen Aktivitéiten am Numm vun der Fräiheet geschwat. Et géif wahrscheinlech laang daueren, bis sech d'Finanzplaz Hongkong vun dëse Protester, déi géint d'Regierung geriicht sinn, géif erhuelen.

Demonstrante protestéiere virun allem géint deen ëmmer méi groussen Afloss vu Peking. Déi chinesesch Regierung gesäit iwwerdeems eegenen Aussoen no an dëse Protester éischt Unzeeche vun Terrorismus.