Déi weltwäit Bestänn vun de Déieren, déi an de Bëscher liewen, sinn an de leschte Joerzéngten dramatesch zeréckgaangen.

Zanter 1970 hätten dës Bestänn an der Moyenne ëm iwwert d'Halschent ofgeholl. Dat geet aus enger Etüd vun der Ëmweltschutzorganisatioun WWF ervir.

Besonnesch betraff wieren deemno Amphibien wéi Fräschen, awer och Mamendéieren wéi Afen oder Elefanten.

D'Haaptursaachen fir des Entwécklung sinn der Organisatioun no, d'Ofholzen an d'Notze vun de Bëscher fir d'Landwirtschaft. Fir de Etüde goufen d'Donnéeë vun 268 Zorte Wirbeldéieren an 455 Déierepopulatiounen ënnersicht. D'Ëmweltschutzorganisatioun wëll des Etüd um Dënschdeg offiziell presentéieren.

Australien investéiert 300 Milliounen Euro an den Naturschutz

Australien läit de Klimawandel um Häerz, a wëll dowéinst an der Pazifikregioun bis d'Joer 2025, ëmgerechent ongeféier 300 Milliounen Euro zur Verfügung stellen. Dat huet de Premier vum Land, de Scott Morrison gëscht virun enger Renconter mat de Staats- a Regierungscheffen aus anere Pazifiklänner annoncéiert. D'Sue sollen ënnert anerem an de Katastropheschutz an an d'Fërderung vun erneierbaren Energien fléissen. Geplangt si Projeten op Papua-Neiguinea souwéi op Kiribati an de Solomon-Inselen.

Am Kader vun engem Pazifik-Forum huet de Scott Morrison deene méi klenge Staaten, déi besonnesch vum Klimawandel betraff sinn, verséchert, dass een se géif ënnerstëtzen. De Pazifik ass eis Heemescht, deen een sech géif deelen. Et wier een eng Famill vun Natiounen. D'Nopeschlänner kritiséieren Australien, dass et ze wéineg mécht fir den Ausstouss vun CO2 Emissiounen ze limitéieren.