Couragéiert Passante konnten de Mann iwwerwältegen a festhalen, bis d'Police do war fir e festzehuelen.

De Mann hat op der Strooss eng Fra mat engem Messer ugegraff an och aner Passante verfollegt. A Reportagen op der Tëlee ass ze gesinn, wéi de Mann mat engem Messer op den Daach vun engem Auto sprengt an "Allahu Akbar" souwéi "erschéisst mech" rifft. Wat d'Fra betrëfft, déi attackéiert gouf, soll hire gesondheetlechen Zoustand stabel sinn. Bei der Waff soll et sech Aenzeien no ëm ee grousst Kichemesser gehandelt hunn.

Couragéiert Passanten hunn de Mann net aus den Aen gelooss an am richtege Moment konnte se hien iwwerwältegen, dëst mat Hëllef vun engem Stull an enger Plastikskëscht. Si hunn de Mann domat ausser Gefecht gesat a festgehalen, bis d'Police op der Plaz war.