Den Inneminister David Bernhadt huet de Méinden eng Rei u geplangten Ännerungen um Aarteschutzgesetz bekannt ginn. Naturschützer dreeë mat enger Plainte.

D'Gesetz hätt bis ewell dozou bäidroe kënnen, dass d'Bestänn vu Gro-Wëllef, Grizzlybieren a Wäiskappséiadleren an den USA sech erhuele konnten. Lo soll déi Regelung gestrach ginn, déi dofir suergt, dass bedreeten Déierenaarten automatesch déi selwecht Protektioun an de selwechte Status kréien, wéi déi Aarten, déi a Gefor sinn.

Ausserdeem solle wirtschaftlech Uleiessen an Zukunft an d'Bewäertung vum Status vun den Déieren mat afléissen. De Bernhardt bezeechent dës Reform als Verbesserung, déi fir eng effizient Ëmsetzung vum Gesetz suerge wäert. D'Ännerunge géingen dem Trump senger Virlag entspriechen, d'Reglementatiounen am Ëmweltberäich opzelackeren, sou den Handelsminister Wilbur Ross.

Naturschützer sinn entsat. Si fäerten, dass d'Reform vum Gesetz zu enger Zerstéierung vum Liewensraum vu bedreeten Aarte féiere géing. Earthjustice, eng amerikanesch Ëmweltschutzorganisatioun seet, et wier "ee Cadeau un d'Industrie" a kënnegt eng Plainte un.

D'Gesetz, wat 1973 vum deemolege President Richard Nixon ënnerschriwwe gouf gëtt vun Experten als groussen Erfolleg ugesinn. Sou hat de Gro-Wollef an de leschte Joerzéngten ee Comeback an Amerika. Och de Wäiskappséiadler, d'amerikanesch Wopen-Déier, ass nees zeréck. 1963 goufen et nëmmen ronn 840 Stéck, lo sinn et der 10.000.