Mat zwee neie Medikamenter kann Ebola méi effikass traitéiert ginn. Dat Resultat huet e klineschen Test an der Demokratescher Republik vum Kongo erginn.

D'Medikamenter hunn d'Iwwerliewenschance vun de Patiente signifikativ verbessert, sou déi US-amerikanesch Gesondheetsautoritéiten, déi d'Etüd mat finanzéiert hunn.

Bis elo wieren d'Donnéeë vu 500 Persounen analyséiert ginn. Mat deem enge Medikament wier d'Mortalitéit op 29 Prozent gefall, mat deem aneren op 34 Prozent. Ouni Traitement stierwen tëscht 60 a 67 Prozent vun de Patienten.

Déi initial Test-Phas vun de Medikamenter, déi am November ugelaf war, géif elo ofgeschloss ginn, fir datt esou vill Patiente wéi méiglech d'Traitementer kënne kréien, sou nach déi amerikanesch Autoritéit.

Am leschte Joer sinn iwwer 1.800 Mënschen am Kongo un Ebola gestuerwen.