Esou sollen déi supplementär 10 Prozent op ënner anerem Laptoppen oder Handyen net schonn am September kommen.

D'USA verréckelen en Deel vun de geplangten neie Stroftaxe fir chinesesch Wueren op Mëtt Dezember. Elektronesch Produiten, wéi Laptoppen an Handyen, wiere bis op Weideres net vun den Taxen an héicht vun 10 Prozent betraff. Dat huet d'Regierung zu Washington matgedeelt. Ufanks wollt den US-President Trump d'Stroftaxen Ufank September a Kraaft sëtzen.