Bei Kanner, déi an der Géigend vun enger fréierer Arseen-Minn (Vallée de l'Orbien) wunnen, goufe gréisser Quantitéite vum gëftegen Element constatéiert.

Déi franséisch Autoritéiten hunn en Dënschdeg bekannt ginn, dass 103 Kanner am Alter vu bis zu 11 Joer getest goufen. Vun dëse Kanner hätten der 38 ee Wäert vun iwwer 10 Mikrogramm pro Gramm Kreatin am Urin gehat. Bei 10 Kanner wiere souguer Wäerter vun iwwer 15 Mikrogramm constatéiert ginn.

Et goufe weider Tester fir an zwee Méint annoncéiert, fir erauszefannen ob dës Resultater op eng chronesch oder akut Expositioun zeréck ze féiere sinn. Sollt een zweeten Test och iwwert dem Referenztaux vun 10 Mikrogramm leien, géifen déi betraffe Familljen eng perséinlech Ënnerstëtzung offréiert kréien.

Déi betraffe Minn huet 2004 hier Dieren zougemaach, nodeems hei bal wärend engem Joerhonnert Gold ofgebaut gouf.

Wéi et heescht, wieren Tonne vu gëftegem Offall um Site stockéiert ginn. Duerch d'Iwwerschwemmungen d'lescht Joer am Oktober, mat 14 Doudegen, ass d'Angscht virun der Kontaminatioun vum Buedem nach méi grouss ginn.