Am Kader vun enger gemeinsamer Razzia hunn d'Beamten iwwer 750 Kilo vun der Partydrog MDMA saiséiert.

Et ass dee gréisste Saisie Drogen, déi et bis ewell an Australien gouf.

Donieft hunn d'Enquêteuren am Ganze 6 presuméiert Drogenhändler festgeholl, dorënner véier Männer aus Groussbritannien an zwou Persounen aus Australien, dorënner eng Fra. De Wäert vun den Drogen chiffréieren d'Autoritéiten op ëmgerechent 62 Milliounen Euro.

Wéi et heescht, wier d'Polver duergaangen, fir doraus bis zu 12 Milliounen Extasy-Pëllen ze maachen. Bei der Fra goufen donieft boer Suen an Héicht vun ëmgerechent 75.000 Euro séchergestallt.

D'lescht Woch schonn, gouf am Kader vun den Ermëttlungen am neiséilänneschen Auckland 200 Kilogramm Methamphetamin sécher gestallt.