De 14. August 2018 kuerz viru Mëtteg ass zu Genua d'Morandi-Bréck zesummegefall, woubäi 43 Mënschen ëm d'Liewe koumen.

Mat enger Gedenkminutt ass e Mëttwoch zu Genua an Italien un déi 43 Mënschen erënnert ginn, déi beim Zesummefall vun der Morandi-Bréck virun engem Joer ëm d'Liewe komm sinn.

Ee méi laangen Deel vun der Bréck war de 14. August zejoert ofgestierzt. Eng ganz Rei vun Autoe goufen an d'Déift gerappt. Bis haut ass nach net gekläert, wat déi genee Ursaach vum Accident war.

Onkloer ass och nach, ob déi nei Bréck, wéi virgesinn, nächst Fréijoer fäerdeg wäert ginn.