Am Gazasträif goufen an der Nuecht op e Sonndeg 3 Palästinenser vun der israelescher Arméi erschoss.

Déi 3 Männer wieren arméiert gewiescht an hätte probéiert de Grenz-Zonk ze duerchbriechen, heescht et vun den israeleschen Autoritéiten.

Doropshin wier aus engem Helikopter eraus a mat engem Panzer op si geschoss ginn.

De Gesondheetsministère am Gaza huet den Doud vun den 3 Männer e Sonndeg de Moien confirméiert.

Rakéiten-Attack

No enger Rakéiten-Attack, déi aus der Gaza-Sträif koum, reagéiert Israel. Et goufen 2 Zieler vun der radikal-islamescher Hamas ugegraff.
Detailer goufen net genannt.

Iwwer Blesséierter oder Affer ass näischt gewosst.

Rezent hate béid Parteie jo eng Wafferou ausgehandelt. Ägypten hat vermëttelt, ma virun enger Woch koum et awer nees zu Ausenanersetzungen, bei deene 5 Leit ëmkomm sinn.