No engem politesche Sträit a géint säi perséinleche Wëllen, huet den italieneschen Inneminister zougestëmmt, dass 27 onbegleete Mineuren u Land däerfen.

No engem längere politesche Sträit an och géint säi perséinleche Wëllen huet den italieneschen Inneminister Matteo Salvini zougestëmmt, dass 27 onbegleete Mineuren vum Flüchtlingschëff „Open Arms“  u Land däerfe goen.

D’Rettungsschëff "Open Arms" huet e Samschdeg den Owend op der Mëttelmier-Insel Lampedusa dierfen uleeën. Déi 105 erwuesse Refugiéen u Bord däerfen d’Schëff awer net verloossen. Aus Verzweiwlung si verschidde Migranten an d'Mier gesprongen an hu probéiert, fir op déi italienesch Insel Lampedusa ze schwammen.

© AFP

An engem Bréif un de Premier Conte huet de Salvini erkläert, hie kéint de "presuméierte Mannerjäregen erlaben, d’Schëff ze verloossen, och wann et géint seng Iwwerzeegung géif goen".

De sizilianesche Parquet enquêtéiert dann och weiderhi géint "Open Arms" wéinst méiglechem Amtsmëssbrauch.

Iwwerdeems krut d'Rettungsschëff "Open Arms" den Accord e spueneschen Hafen dierfen unzesteieren. De Ministerpresident Pedro Sánchez huet wéinst der Noutlag u Bord an der "onbegräiflecher" Haltung vun Italien, matgedeelt, dass d'Schëff mat iwwer 100 Migranten an den Hafen vun Algeciras dierf uleeën.

Dëst Propos gouf awer vun der Crew vum Schëff ofgeleent. D'Rees vun Italien a Spuenien géif op d'mannst 5 Deeg daueren an dat wéilt een zu dësem Ament de Leit u Bord net nach zoumudden.