Zu Hongkong hu sech e Sonneg op en Neits zeg dausende Mënsche fir eng nei Massendemonstratioun versammelt.

Treffpunkt ass de Victoria Park, ma déi sëllechen Niewestroosse wieren och schwaarz vu Leit. D'Aktioun gouf vun der Protestgrupp "Civil Human Rights Front" (CHRF) organiséiert a soll "raisonnabel" an "ouni Gewalt" oflafen. Konfrontatioune mat der Police wëll ee vermeiden.

D'Aktiviste wëllen och um Sonndeg däitlech maachen, dass hir Beweegung trotz progressiver Gewalt a méi secke Menace vu Säite vu Peking ëmmer nach eng breet Ënnerstëtzung an der Ëffentlechkeet kritt.

"Mir hunn eng grouss Zuel Participanten. Mir hoffen, dass mir der Welt weise kënnen, dass d'Mënschen zu Hongkong komplett friddlech kënne sinn", sou d'Porte-parole vun der CHRF, Bonnie Leung. "Sollten d'Regierungen zu Hongkong a Peking drop waarden, dass eis Beweegung stierft, da leie se falsch. Mir kämpfe weider".
D'Police huet d'Manifestatioun zwar accordéiert, duerch d'Stroosse vun Hongkong zéien, ass awer verbueden. An der Vergaangenheet gouf dëst ignoréiert, kleng Protestmärsch um Samschdeg sinn awer ouni Tëschefäll bliwwen.