Just e puer Deeg virum G7-Sommet zu Biarritz, kommen de franséische President Macron an de russesche President Putin fir bilateral Gespréicher beieneen.

D'Gespréicher sinn zu Bregançon, der Summer-Residenz vum franséische President, un der Mëttelmier-Küst. Bei de Gespréicher dierft et virun allem ëm den Ukrain-Konflikt goen. Opgrond vun dësem an der Annexioun vun der Krim war Russland jo 2014 aus dem G8 ausgeschloss ginn.

Frankräich hofft drop, dass mam neien ukrainesche President Selenskyi endlech eng Léisung vum Konflikt ka fonnt ginn.