Et war eng Zeremonie mat Symbol-Charakter. Op Island gouf e Sonndeg eng Gedenk-Tafel ageweit, fir den Ok-Jökull-Gletscher.

Den Ok-Jökull-Gletscher ass mëttlerweil komplett verschwonnen, wat eng Suitt vun der Erderwäermung wier. D’Zeremonie sollt eng Inspiratiounsquell an eng Warnung sinn, net nëmmen fir Island, mä fir déi ganz Welt, sot déi islännesch Premierministesch Jakobsdottir. D’Klimakriis hätt hei kloer e Gesiicht kritt.