Gutt 6 Woche laang gouf e viru Gibraltar blockéiert. Elo ass dat iranescht Pëtrolsschëff erëm ënnerwee.

Gibraltar hat jo refuséiert, fir de Supertanker nach méi laang festzesetzen.

Dat haten d'USA awer gefuerdert. Si hunn nämlech de Verdacht, datt d'Schëff Pëtrol a Syrien wëll liwweren. An dat géing géint EU-Sanktioune verstoussen.

Teheran huet awer elo d'Garantie ginn, datt net a Syrien geliwwert gëtt.