Fir d'éischte Kéier zanter deem den Ofrëschtungs-Vertrag mat Russland opgeléist gouf, hunn d'USA e Rakéitentest gemaach.

Wéi dat amerikanescht Militär matdeelt, huet dësen Test ronn zwou Wochen no der Opléisung vum INF-Ofrëschtungs-Vertrag stattfonnt. D'USA hunn eng Rakéit vun der San-Nicolas-Insel a Kalifornien ofgeschoss, déi gutt 500 Kilometer méi wäit wéi geplangt ukomm ass.

Ënnert der Begrënnung, dass sech Russland zanter e puer Joer net méi un den Accord hält, huet dem Donald Trump seng Regierung d'Entscheedung getraff, sech net méi un d'Ofkommes vum Ofrëschtungs-Vertrag halen, deen 1987 a Kraaft getrueden ass.