Déi italienesch Justiz hat decidéiert, dass d'Schëff zu Lampedusa uleeën dierft.

Biller op der italienescher Tëlee hunn déi 83 Fraen a Männer gewisen, déi deels hu musse gestäipt ginn, wéi si d'Schëff verlooss hunn.

Déi italienesch Justiz hat am Virfeld jo den Uerder ginn, dass d’Leit missten u Land bruecht ginn. Dat hat den Inneminister Salvini 19 Deeg laang refuséiert, obwuel sech 6 EU-Länner bereet erkläert haten, d‘Refugiéë bei sech opzehuelen, dorënner jo och Lëtzebuerg.

En Dënschdeg de Mëtteg war d'Situatioun jo op der "Open Arms" jo ëmmer méi kritesch ginn, well eng Dose Leit net méi um Schëff bleiwe wollten a probéiert haten, u Land ze schwammen. Dës Leit konnten aus dem Waasser gerett ginn a sinn u Land bruecht ginn, wou een Dokter no hinne gekuckt huet.