Eng 1.900 Beamte vun der Police an der Douane waren e Mëttwoch zanter de fréie Moiesstonnen am Asaz, fir eng 100 Wunnengen ze duerchsichen.

Hannergrond war de Verdacht op Mënschenhandel. Et soll ëm illegal Immigratioun goen, fir Leit am Bau-Secteur schwaarz schaffen ze loossen.

D’Razzia gouf am Optrag vum Parquet zu Berlin lancéiert, dee bis op Weideres awer keng Detailer wëll nennen.