Am Mëssbrauchsprozess géint den australesche Kardinol George Pell gouf d'Uerteel aus éischter Instanz confirméiert.

De fréiere Finanzchef vum Vatikan krut 6 Joer Prisong, well en 2 Mannerjäreger soll mëssbraucht hunn. Den 78 Joer ale Pell seet, hie wier onschëlleg. Hie kann elo nach um héchsten australesche Geriicht géint d'Uerteel virgoen.