Nodeems déi dänesch Regierung net iwwert de Verkaf vun der gréisster Insel vun der Welt verhandele wollt, huet den Trump seng Rees kuerzerhand ofgesot.

Den Dënschdeg huet den US-amerikanesche President annoncéiert, dass hien dat geplangten Treffe mat der dänescher Premier-Ministesch verréckele wäert.
An engem Twitter-Post schreift den Donald Trump, dass d'Mette Frederiksen him, der US-amerikanescher an der dänescher Regierung domat vill Aarbecht erspuert hätt.

Fir vill Verwonnerung huet dem US-President seng Entscheedung zu Kopenhagen gesuergt. "D'Realitéit iwwertrëfft d'Virstellungskraaft - dëse Mann ass onberechenbar", mengt esou d'Kommunikatiounscheffin vum dänesche Kinnekshaus.

Kritiséiert gouf den Trump och vum Rasmus Jarlov, dänesche Politiker vun der oppositioneller konservativer Partei. Hie vertrëtt d'Meenung, dass den Trump seng Matmënsche mat "méi Respekt" behandele soll.

Den US-amerikanesche President hat säin Interêt u Grönland de Sonndeg matgedeelt. De Kaf vun där Insel wier aus strategescher Siicht sécherlech "interessant" a streng geholl näischt anescht wéi "e grousst Immobiliëgeschäft".