Ze vill Mënsche bréngen ze vill Plastikréckstänn - elo soll Schluss si mat dem Verschmotze vun der Ëmwelt um Daach vun der Welt.

Um Mount Everest soll d'Plastikswell gestoppt ginn: Déi nepalesesch Regierung huet eng nei Reglementatioun opgestallt, no där vum 1. Januar 2020 un déi héchste Regioun op der Welt Plastiksflächen a soss Verpackungen aus Plastik verbuede solle ginn.

De Grond fir dëse Verbuet sinn déi ze vill Mënschen an den Dreck, dee si hannerloossen. Insgesamt ginn d'Reegelen um Daach vun der Welt verschäerft. Engersäits soll domat d'Eropklammen op den Aachtdausender méi sécher gemaach an anerersäits d'Ëmwelt méi geschützt ginn.

Am Laf vun dësem Joer goufe bis elo schonn 10 Tonnen Dreck agesammelt.