Elleng a Brasilien goufen dëst Joer scho méi wéi 76.000 Bëschbränn gezielt, bal duebel souvill wéi d’lescht Joer.

D’Hausse vun de Bëschbränn coincidéiert mat der Baisse vun den Strofe wéinst Ëmweltmëssbrauch, sou d‘BBC, wat kloer op d’Politik vum Bolsonaro zeréckzeféieren ass.

Wëssenschaftler an Ekonomisten no sinn d’Bränn zum groussen Deel op d’Liewensmëttelproduktioun zeréckzeféieren. Wou et haut brennt si muer Kéi a Sojafelder.

Brasilien ass ee vun de gréissten Exportateure vu Fleesch a Soja, Haaptsächlech a Richtung China.

Politik schalt sech an

D’Bränn am Amazonas hunn d’Opmierksamkeet vun der Weltgemeinschaft. Irland a Frankräich menacéieren elo, en Handelsaccord vun der EU mat Brasilien ze blockéieren, falls d’brasilianesch Autoritéiten net méi ënnerhuelen, fir de gréisste Reebësch op der Welt besser ze protegéieren.

Brasilien géing sech “foutéieren” an de Paräisser Klimaaccord net respektéieren, an dowéinst huet Lëtzebuerg Bedenken, wat den europäesche Fräihandelsaccord mat Südamerika ugeet. De Jean Asselborn huet esou e Samschdeg am RTL-Interview op d’massiv Bëschbränn am Amazonas reagéiert.

De brasilianesche President Jair Bolsonaro, e fervente Klimaskeptiker, huet bis elo all Virwërf vu sech gewisen. Hie sot et géing iwwerall op der Welt Bëschbränn ginn an et géing kee Gronn ginn, fir Sanktiounen géint säi Land ze verhänken.

Opgrond vum Drock aus dem Ausland, mä och well hien den Ausmooss vun de Bränn net ka leegnen, huet hien awer an der Nuecht op e Samschdeg den Asaz vun der Arméi géint d’Bränn autoriséiert.

Den Amazonas steet nach ëmmer a Flamen

Am Urwald brennt et zënter Wochen.

Zanter Januar goufen et 76.000 Bränn. Eleng an der éischter Halschent vum August waren et der 9.500. Dat ass eng Hausse vun 83% par Rapport zum leschte Joer, esou d'Brazil's National Institute for Space Research.

Elo scho soll d'Joer 2019, dat Joer mat de meeschte Bränn sinn, an et verbleiwe nach 4 Méint. Dëst geet aus Fuerschungen ervir, déi zënter 2013 gemaach gi sinn. Och am Joer 2013 goufen et am westleche Brasilien extrem vill Bränn.

Der Welt hire gréisste Reebësch spillt eng zentral Roll fir de Kohlendioxidgehalt vun eisem Planéit a Grenzen ze halen. D'Planzen an d'Beem huelen de Kuelendioxid op a ginn en duerch hir Foto-Synthees als Sauerstoff zréck un d'Loft of.

Aus dësem Grond gëtt den Amazonas, deen 2,1 Millioune Quadrat Kilometer grouss ass, dacks als "Long vum Planéit" bezeechent: De Bësch produzéiert ronn 20 Prozent vum Sauerstoff an der Atmosphär op eiser Äerd.

Normalerweis dauert déi dréchen Zäit am Amazonas vu Juli bis Oktober an erreecht Enn September hiren Héichpunkt. D'Wieder vun deenen anere Méint dréckt d'Gefor vu Bränn zu aneren Zäiten erof.

An der dréchener Zäit kënne Flamen zum Beispill duerch Blëtzer entsoen. Baueren an Holzfäller setzen de Reebësch express a Brand, fir den Amazonas fir industriell oder landwirtschaftlech Zwecker ze raumen.

D'Bränn am Amazonas hunn elo gravéierend Auswierkungen op de Rescht vu Brasilien. Den Damp vun de Flame breet sech vum Bundesstaat Amazonas bis an d'Nopeschstaate Pará a Mato Grosso aus. Souguer zu São Paulo war den Himmel gro vun Damp, eng Stad déi 3.200 Kilometer ewech läit.

AUDIO: Am Amazonas brennt et weiderhinn