China kënnegt Taxen am Wäert vu 75 Milliarden Euro op Produiten un, déi aus den USA importéiert ginn.

Wéi de chineseschen Handelsministère matdeelt, wëll d'Volleksrepublik zousätzlech Taxen an der Héicht vu 5 bis 10 Prozent op déi betraffe Produiten aféieren.

An zwee Schrëtt sollen d'Taxen den 1. September an de 15. Dezember erhéicht ginn. Dëst ass d'Äntwert vu chinesescher Säit op déi ugekënnegt Tax-Erhéijungen vun den USA.