De Wladimir Putin reagéiert op den Test vun enger US-amerikanescher Rakéit a gesäit dësen als Menace un.

Nodeems d'USA op en neits op enger Mëttelstreck eng Rakéit getest hunn, huet de russesche President Wladimir Putin eng zäitno Reaktioun ugekënnegt.

Virop misst allerdéngs d'Menace, déi vun den USA ausgoe géing, genee analyséiert ginn. De russesche President géif den US-Rakéitentest als Beweis dofir gesinn, dass d'USA Schold dru wier, dass d'Ofkommes vum Ofrëschtungs-Vertrag geplatzt ass.