Russland huet dat éischt Atomkraaftwierk, dat um Waasser schwëmmt, um Freiden op eng Rees vu 5.000 Kilometer duerch d'Arktis geschéckt.

D'"Akademik Lomonossow", dat éischt Atomkraaftwierk, dat schwamme kann, ass um Freiden de Moien aus dem russeschen Arktis-Hafen Murmansk erausgefuer. Et ass um Wee an déi ofgeleeë sibiresch Klengstad Pewek. D'Dauer vun der Rees gëtt op 4 bis 6 Woche geschat, deemno wéi d'Wieder ass. D'Streck geet laanscht d'Nordküst vu Russland.

D'Atomkraaftwierk weit 21.000 Tonnen, ass 144 Meter laang an 30 Meter breet. U Bord sinn zwee 35-Megawatt-Reakteren. D'Akademik Lomonossow ass mat enger Besatzung vun 69 Leit ënnerwee. D'Iddi hannert dem Projet ass, Stroum an ofgeleeë Gebidder ze bréngen. 13 Joer laang ass un dësem Schëff zu St. Petersburg gebaut ginn.

Zanter Jore kämpfen Ëmweltschützer géint de Projet vun engem Atomkraaftwierk um Waasser. Dobäi warne si virun engem "Tschernobyl op Äis" an et geet souguer rieds vun enger "Atom-Titanic".