Schonn eng zweete Kéier dës Woch huet de Bouf senger Mamm hiren Auto geklaut an huet dobäi déck op de Gas gedréckt.

Wéi d'Police Dortmund mellt, ass de klenge Jong an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg nees eleng mam Auto ënnerwee gewiescht. En Zeien huet d'Police kontaktéiert gehat an hinne matgedeelt, dass hien e Kand hannert dem Steier vun engem Gefier erbléckst hat. De jonke Fuerer hätt sech net un d'Verkéiersreegele gehalen a wär duerch rout Luuchte gefuer. De Schüler huet uginn, dass hien mat enger Vitess vun 180 km/h iwwert d'A1 gerannt wier.

Nodeems de Bouf bei der Sortie "Raststätte Lichtendorf" mam Unhänger vun engem Camion kollidéiert ass, war seng Aventure dunn och eriwwer. Bei der Kollisioun ass senger Mamm hiren Auto staark beschiedegt ginn. Dobäi ass awer keng Persoun zu Schued komm.

Och de Mëttwoch hat sech de Klenge mam Familjewon heemlech aus dem Stëbs gemaach, fir en Tour iwwert d'A44 ze maachen. Wéi hien der Police matgedeelt huet, wier hien deen Owend mat 140 km/h gefuer.

No deenen zwee Virfäll gëtt de Jong zur Zäit psychologesch betreit.