Den US-Milliardär a Groussindustriellen David Koch ass e Freideg am Alter vu 79 Joer gestuerwen.

Den David Koch, ee vun den 2 Koch-Bridder vu Koch-Industries, war ee vun de gréissten Donateure vun de Republikaner.

Mat engem Verméige vun 42 Milliarden US-Dollar war hien, ex-aequo mat sengem Brudder Charles, op der 11. Plaz vun de räichste Mënschen op der Welt.

Den David Koch, wéi gesot e grousse Spender fir d’Republikaner, hat dem aktuelle President Donald Trump wärend senger Campagne awer keng Sue ginn.