Zu Hongkong goufen de Weekend 65 Persoune bei pro-demokratesche Protester festgeholl, esou d’Police, dorënner och e Kand vun 12 Joer.

Dat ënnert anerem wéinst illegaler Versammlung, dem Besetz vu Waffen an dem Ugrëff vu Polizisten. Der Spidolsverwaltung no goufen 48 Persoune bei den Demonstratioune blesséiert.

D’Police huet Tréinegas a Waasserkanoune géint d’Aktivisten agesat.

D'Autoritéite vun Hongkong hunn hier haart Manéier fir virzegoe verdeedegt. Et hätt missten op gewaltbereet Demonstrante reagéiert ginn, heescht et vun der Police aus der Spezialzon Hongkong. D'Poliziste wiere mat Steng attackéiert ginn. E Polizist hätt doropshi mat senger Waff an d'Luucht geschoss.

Et wier den éischte Schoss gewiescht, zënter datt d'Affrontementer virun 3 Méint ugefaangen hunn. De Virfall war vu ville Säite schaarf kritiséiert ginn.

Zanter ugangs Juni demonstréieren zu Hongkong Dausende Mënsche fir méi Demokratie a géint den Afloss vu China.