Bei engem schwéiere Schëffsongléck an der Géigend vu Los Angeles goufe bis ewell 25 Läiche gebuergen. Et besteet keng Hoffnung op weider Iwwerliewender.

Dat ongeféier 23 Meter laangt Schëff mat 39 Leit u Bord ass no bei der Insel Santa Cruz a Brand geroden. Fënnef Persoune konnte sech duerch e Sprong vum Schëff retten, 9 ginn der nach ëmmer vermësst. Hoffnung, dass et nach Iwwerliewender ginn, ginn et wuel keng méi.

D'Leit goufe wuel vum Feier iwwerrascht. De Groussdeel huet ënner Deck geschlof wéi d'Feier géint 3.15 Auer Lokalzäit ausgebrach ass. Stonnelaang hunn d'Pompjeeë probéiert d'Feier ze läschen.

D'Insel läit ongeféier 20 Kilometer virun der kalifornescher Küstestad Ventura nordwestlech vu Los Angeles. D'Boot war e Samschdeg ausgelaf, fir op en Tauch-Ausfluch ze goen, e Méindeg sollt een nees zeréckkommen. Wéi d'Feier ausgebrach ass, loung et just knapp 20 Meter virun der Küst vun der Insel Santa Cruz.