Telekommunikatiounsfirme mussen der Zentral vum 112 GPS-Informatioune vun engem ginn, deen d'Rettungsdéngschter urifft.

Dat ass en Donneschdeg an engem Uerteel vum europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg ze liesen. D'EU-Staate misste garantéieren, datt dës Reegelung och agehale gëtt.

D'Mesure géif och fir Handye gëllen, déi keng Sim-Kaart hunn. Hannergrond vum Uerteel ass eng Affär a Litauen, wou ee Meedche vu 17 Joer entféiert, vergewaltegt an dunn an d'Mall vun engem Auto gespaart gouf, deen a Brand gesat gouf.

D'Meedchen hat an der Mall nach versicht, eng gutt Dosende Mol den 112 unzeruffen. Deem war et awer net méiglech, d'Affer ze lokaliséieren.