Bei der Fluchgesellschaft British Airways streiken d'Piloten och um Dënschdeg, well si ënner anerem méi an der Pai wëllen.

Nodeems se schonn e Méindeg gestreikt haten an zéngdausende Passagéier betraff waren, streike se och um Dënschdeg nees.
E Méindeg ware quasi all d'Flich annuléiert ginn. Och um Dënschdeg sinn d'Flich vu London-Heathrow op de Findel an ëmgedréit gestrach.

De Streikdag e Méindeg soll 44 Millioune Pond kascht hunn.