Membere vun de "Gilets jaunes" wëllen nächst Joer bei de Paräisser Kommunalwalen untrieden.

Eng Grupp vun Aktivisten huet e Méindeg hir offiziell Kandidatur bekannt ginn. Si wëlle sech zu Paräis fir Sujete wéi Ëmweltschutz, Sécherheet an de Kampf géint d'Aarmut staark maachen.

Donieft wëlle se sech fir e gratis ëffentlechen Transport a bezuelbar Wunnengen asëtzen. Nächst Joer am Mee sinn d'Kommunalwalen zu Paräis.