Dat britescht Parlament huet an der Nuecht op en Dënschdeg och eng zweet deementspriechend Initiative vum Premier Boris Johnson verworf.

Just 293 Deputéiert hunn dofir gestëmmt. 434 Stëmme wieren néideg gewiescht, fir Neiwalen ofzehalen. Dëse Vott ass ee weidere Réckschlag fir dee konservative Regierungschef.

Do virdrun hat d'Parlament eng Motioun ugeholl, deemno d'Regierung all intern Dokumenter iwwert d'Repercussioune vun engem EU-Austrëtt ouni Accord muss public maachen. Des Motioun ass net rechtlech contraignant, mä ka schwéier ignoréiert ginn.

Donieft hunn Deputéiert eng Zwangspaus vum Parlament gefuerdert. Dës soll elo a Kraaft trieden a fënnef Wochen daueren. De President vum Parlament, John Bercow, huet iwwerdeems annoncéiert, dass hien net méi fir säi Poste kandidéiert a spéitstens Enn Oktober zerécktrëtt.

Vill Deputéiert hunn hie mat engem laangen Applaus gewierdegt. D'Majoritéit huet sech éischter zeréckgehalen. Dem Speaker, wéi de President vum britesche Parlament och genannt gëtt, gouf wärend dem Muechtkampf ëm de Brexit ëmmer nees virgeheit, zugonschte vun de proeuropäeschen Deputéierten intervenéiert ze hunn.

Am Plenum koum et an der Nuecht op en Dënschdeg zu tumultaartegen Zeenen. Deputéiert vun der Oppositioun hu bei der Fermeture hire Protest däitlech gemaach an der Majoritéit virgeheit, dass si sech schumme sollt. De Labour-Chef Jeremy Corbyn huet dem Premier virgeheit, dass hien d'Parlament géif suspendéieren, fir keng Rechenschaft méi mussen ofzeleeën. Deputéiert sollen eréischt de 14. Oktober nees beienee kommen.

De Boris Johnson wëll sech eegenen Aussoen no um EU Sommet de 17. Oktober dofir asetzen, een Accord am nationalen Intressi erauszeschloen. Déi englesch Kinnigin hat e Méindeg de Mëtteg ee Gesetz a Kraaft gesat, dat een EU-Austrëtt ouni Accord soll verhënneren.