Iwwer 70 Patiente goufe blesséiert, 11 dovu schwéier. Wéi et um Dënschdeg de Moie vun de Pompjeeën heescht, géife 7 Persounen a Liewensgefor schwiewen.

Iwwert d'Ursaach vum Feier ass nach näischt gewosst.

De Brand war am Zëmmer vun engem Patient ausgebrach. Dee 77 Joer ale Mann koum dobäi ëm d'Liewen. Dono huet sech den Damp iwwer fënnef Stäck ausgebreet. Déi meescht Patiente goufen an anere Spideeler ënnerbruecht.