Dat sot den US President Trump e Méindeg viru Journalisten am Wäissen Haus. Zanter Méint verhandelen d'USA mat den Taliban.

Zil ass, déi amerikanesch Truppen aus dem Afghanistan ofzezéien. Den Donald Trump huet däitlech gemaach, dass hie bal 18 Joer nom Ufank vum Asaz, weiderhin ee Réckzoch ustrieft, dat awer net wëll iwwert de Knéi briechen. Et wéilt ee gär goen, mä et géif een dat zum richtegen Zäitpunkt maachen, sou den amerikanesche President.

Den Donald Trump hat e Samschdeg bekannt, dass hien eng geplangte Geheimrenconter mat Taliban-Vertrieder souwéi dem afghanesche President ofgesot hätt. Als Ursaach hat hien eng Attack vun den Taliban d'lescht Woch en Donneschdeg zu Kabul mat 12 Doudege genannt. Dobäi war och en amerikaneschen Zaldot ëm d'Liewe komm. Den US-Ausseminister Mike Pence hat iwwerdeems e Sonndeg eng méiglech Reprise vun de Friddensverhandlungen mat den Taliban net ausgeschloss.