D'Ministerpresidentin vu Mecklenburg-Vorpommern Manuela Schwesig huet Broschtkriibs.

Hir Krankheet wier ze heelen, ma si misst sech medezinesch behandele loossen, huet déi 45 Joer al Politikerin en Dënschdeg de Moien an hirem Cabinet erkläert.

Si wäert sech an den nächste Méint dacks vun hire Ministerkollege vertriede loossen. Vun allen nationale Posten an der SPD trëtt si zeréck.